Menü

 

home

about
the dogwalker
Philosophie

Services
Dogs
Cats
Art

Contact

Eenzelwalk (Süden, Géigend Diddeleng, Esch, Schëffleng, Rëmeleng, Beetebuerg,..)

1 Stonn spadséieren goën alleng mat ärem 4-Beener
Mer ginn awer net nëmmen zesummen spadséieren, mär schaffen an amüséieren ons och!

Gehorsam, Lenktenféiregkeet, lauter kleng spaasseg Übungen déi ons d'Landschaft ubitt an, an an.

Präisser

 1x Walk 21 ,00€ TTC

3-5x an der Woch 18,00€ TTC

Monatspaket+Rapport:  3x an der Woch fir 180,00€ TTC
                     4x an der Woch fir 240,00€ TTC 
                     5x an der Woch fir 300,00€ TTC

En 2. Hond kann fir 50% vum Präis mat

 

        d'Monatspaket enthält och e Rapport iwwert meng Aschätzung vum Hond, seng Entwécklung a wéi ech mat em schaffen.

Übungen zesummen mam Besëtzer

D'Sprooch vu sengem Hond verstoen, Obéissance a Spaass dabäi hunn, wéi sëch am Beschten vis à vis vu sengem Mupp positionnéieren,...

Dëst a méi bidden ech Ärch an privaten Sessiounen un, wou mer ouni Drock schaffen.
De Virdeel zu Gruppenschoulen: Ech ginn ganz op d'Bedürfnisser vun Ärch an Ärem Hond an, fir Ärch ze hëllefen en agespilltend Team ze ginn.

 

WICHTEG: Déi Sessiounen sollen dem Besëtzer an virun allem dem Mupp Spaass maachen!

Präisser an Dauer sinn no Ofsproch (ofhängeg vun der intensitéit an dem Fall).


Grob Anamnese

Där hutt e Probleem mat Ärem Mupp a wësst net richteg weider?

Ech kommen bei Ärch heem, an an engem Eischtgespréich analyséire mer d'Probleemer a wéi se sëch weisen grob zesummen.

Duerno kucke mer op et sënnvoll ass e Programm auszeschaffen wou mer zesummen un de Baustellen schaffen.

Dëst Gespréich ass gratis.

Bei Erstellung vun engem Programm sinn Berichter mat Aschätzungen, Bewertungen an Progessiounen inclus. D'Tariffer fir di weider Aarbecht nom Eischtgespréich sinn no Ofsprooch.