Menü

 

home

about
the dogwalker
Philosophie

Services
Dogs
Cats
Art

Contact

Iwwert den "Dogwalker"

Ech

EchMäi Numm ass Natascha an ech bidden Ärch meng Servicer als Dogwalker an méi am Süden vum Land un.

Op dëser Säit  stellen ech mech e bësse vir.

Schon als Kand huet sëch bei mär alles ëm Hënn gedréit. Kee Wiesen huet mech méi faszinéiert a mëcht ët ëmmernach.

Hier verschidde Wiesen a Charakteren, hier Art wéi së ënnereneen an mat Mënschen kommunizéieren sou wéi och d'Konflikter déi beim Zesummenlierwen entstinn, faszinéiere mëch a loosse mëch net méi lass.

Seit e puer Joer sinn ech och aktive Member an der Hondsstaffel vun der Administration de Secours, an mat mengem Malinois, dem Ivo,
mëttlerweil och Hondsmeeschter.
Duerch d'Formation an d'Aarbecht mat de verschiddenen Hënn,  an onserer an och aneren Equipen konnt ech onheemlech vill iwwert Hënn bäiléieren, virun allem aktiven Schaffhënn.
(=> Weider zur Homepage vun der Hondsstaffel ).

Och an der Zäit wou ech fir d' Escher Déierenasyl geschafft hunn, konnt ech mäi Wëssen stänneg erweideren, bis ech schlussendlech d'Entscheedung getraff hunn, mech komplett op d'Aarbecht mat Hënn ze konzentréieren.

Trotzdem huet ee nie ausgeléiert, wouwéinst ët wichteg ass sëch regelméisseg theoretesch wéi och praktesch um Terrain weiderzebilden.

 

Ech garantéieren Ärch, datt ären Hond bei mär, net nëmmen a gudden Hänn , mee och bei enger Persoun mat know-how an dem gewëssen Feeling ass.